
Den SPCPG besteet an der aktueller Form säit 2002. Der Gewerkschaft hiert Ziel ass et déi professionelle Interessi vum zivillen Personal an der Police Grand-Ducale ze vertrieden, onofhängeg vun Carrière an Grade.
1995 ass déi éischt Personalvertriedung an dësem Sënn gegrënnt ginn. D’Association du Personnel Civil de la Gendarmerie et de la Police (APCGP) ass den Virreider vum aktuellen SPCPG. No der Fusioun vun der Gendarmerie an der Police am Joer 2000, ass och de Numm vun der Associatioun geännert ginn fir ab elo Association du Personnel Civil de la Police Grand-Ducale (APCPG) ze heeschen. D’Statuten hunn sech bis op den Numm net geännert an d’Ziel ass identesch bliwwen.
2002 ass dunn aus der APCPG den Syndicat du Personnel Civil de la Police Grand-Ducale (SPCPG) ginn.



